Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
Episodes
50
14 September 2026
Déi nei Spillzäit am TNL
Et ass eng speziell nei Saison 2026/2027 déi den Théâtre National du Luxembourg, den TNL gëschter presentéiert huet, et ass Saison vum 30. Anniversaire an esou munchereen huet sech bei der Presentatioun geduecht: “Gëtt et den TNL scho wierklech esou laang!”30 Joer TNL sinn eriwwer an déi nächst 30 Joer fänken un, an et bleift derbäi datt déi theatralesch Produktioun a Kreatioun ee vun de Piliere...
14 September 2026
Rentrée littéraire: "JE" vun der Lilia Hassaine
Nom Percival Everett sengem geniale Roman "James", deen d’Geschicht vum Mark Twain sengem "The Adventures of Huckleberry Finn" aus der Perspektiv vum Schwaarze Sklav erzielt, verëffentlecht d’Lilia Hassaine mat "JE" ee Roman, deen am Universum vun der Charlotte Brontë hirem "Jane Eyre" spillt an aus der Perspektiv vun der "verréckter" Fra um Späicher erzielt. De Roman ass ee vun de 16 Bicher, déi...
14 September 2026
Den 10. Doudesdag vum Lëtzebuerger Kënschtler Bert Theis
Schoulufank ... Deen Här, un dee mir haut erënnere wëllen, huet dëst Ritual och eng Partie Kéiere matgemaach. De Bert Theis war haaptberufflech Schoulmeeschter, ier hien decidéiert huet, fräischaffende Kënschtler ze ginn. Iwwer d’Molerei, d’Experimentéiere mat Fotografie, Konzeptkonscht a Collage ass hien zu der Performance, der Schafung vu Situatiounen am ëffentleche Raum komm. Seng Aarbechte...
11 September 2026
Turning Point: Generation 9/11
5 Joer sinn et hir säit den 9/11 Attentater an den USA, een Dag wou d‘ganz Welt hiren Otem ugehal huet. En neien Dokumentar weist elo, wei dësen Dag d‘Welt vun haut gepräägt huet. D‘Claire Barthelemy huet e fir eis gekuckt.
11 September 2026
Faux Real - "Poison Time"
Schonn d'Singleauskopplungen hu gewisen, wou d'Rees higeet: "That Far" an "One & Done" zéien den Nolauschterer mat repetitive Synth-Linnen a punkiger Energie direkt an hire Bann. Wéi "Poison Time", den zweete Longplayer vu Faux Real soss esou kléngt, weess de Marc Clement.
10 September 2026
D'Mudam-Collectioun zum Theema “Video killed the Radio Star”
Enn September/ Ufanks Oktober ginn eng ganz Rei interessant Ausstellungen op en Enn. Falls dir État bruit an der Escher Konschthal, d’Luxembourg Architecture Awards am LUCA am Gronn oder vu Lilien a Linnen am Nationalmusée um Fëschmaart nach net gesinn hutt, maacht iech bäi. Och wat di speziell Gebuertsdagsprogrammer am Casino an am Mudam ugeet. Am Pei-Musée kënnt dir traditionell all Summer en...
10 September 2026
Liestipp: Felicitas Hoppe: Reisen
D‘Vakanzezäit ass fir vill Leit elo eriwwer an et ass de richtege Moment e Buch iwwer d‘Reesen ze liesen, e Buch, dat sécher kee Reesguide ass. An domat huet d‘Valerija Berdi dann och e ganz besonnesche Liestipp. Der Felicitas Hoppe hire Roman „Reisen“ aus dem Hanser-Verlag.
09 September 2026
De Bléck op d'Vergaangenheet schäerfen...
Gëschter ass d’Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis bekannt ginn. Sechs Bicher huet d’Jury ausgewielt, déi d’Chance hunn de 5. Oktober, zum Optakt vun der Frankfurter Buchmesse ausgezeechent zeginn. Wéi eng Bicher dat sinn, dat erzielt eis elo d’Valerija Berdi.
09 September 2026
ENGLBRT um Reeperbahn Festival
Een Duo aus engem Jazz-Batteur an engem Indiesänger-a Gittarist, déi zesumme Popmusek maachen - dat ass ENGLBRT. Den ENGL ass den Niels Engel, dee scho mat villen Jazz-Gréissten d’Bün konnt deelen, a BERT ass de Spëtznumm vum Georges Goerens, bekannt als Bartleby Delicate an als Frontmann vun der Rockband Seed to Tree. Hir Plack "Song(e)s" ass nach waarm aus dem Uewen, a prett, un nei,...
08 September 2026
"Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen"
Jonk sinn an Italie wärend de "bläie Joren" a jonk sinn haut: Den Dario Ferrari verbënnt déi zwou Zäiten a sengem rezent op Däitsch iwwersate Roman "Die Pause ist vorbei" (Verlag Klaus Wagenbach). D'Buch kombinéiert e frësche Bléck op de radikale politeschen Engagement an de 70er Jore mat enger Satir vum akademesche Milieu hautdesdaags. De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger...